Événement
clos
ou
passé
Nornen

Nornen

Ariston (Esch-sur-Alzette)

Afficher le plan

INDEPENDENT LITTLE LIES – ILL (LU)

Op Lëtzebuergesch

“Weess du, wéi dat gëtt?” Ronderëm e Buer stinn dräi Fraen a flechte Seeler. Et si mystesch Gestalten, Schicksalsgëttinnen, och "Nornen" genannt. Et ass net Är Schold, wann Dir nach ni vun hinnen héieren hutt. Ze laang goufen si am Schied vu méi lukrativen nordesch-mythologesch-marveleske Personnage wéi Thor, Odin a Loki vergiess. Héchsten Zäit, datt och hir epesch Geschicht erzielt gëtt. D'Geschicht vun hirem Asaz fir d'Gläichgewiicht vum Universum, vun hirem Kampf géint d'Muechte vum Chaos, d'Geschicht dovunner, wéi si d'Geschicht vun alle Geschichten erfanne mussen, fir d'Gëtter an déi Stierflech an hirem Bann ze halen.

No der Virstellung den 20. Abrëll invitéiere mir Iech op e Nogespréich mat de Kënschtler an der Bar vum Ariston.