D’Prinzessin op der Ierbes

D’Prinzessin op der Ierbes

Ariston (Esch-sur-Alzette)

Afficher le plan

TRAFFIK THEATER (LU)

Fräi nom Hans Christian Andersen

op Lëtzebuergesch

jonke Publikum 4-8 Joer
Dauer - 50 min.

P'tit brunch du théâtre 23/03 à 12h00 - Réservation par mail : reservation.theatre@villeesch.lu
Atelier parent-enfant 23/03 à 13h00

D’Kënschtler*innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.
Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden? Et kann een sech vill Froe stellen, wann een hautzedaags dem Andersen säi Märche liest, an dat maachen den Dan Tanson, de Michel Boulanger an d’Eleonora Savini mat vill Humor.

Sélectionnez votre séance
jeudi20mars 202515:00 à 15:50
dimanche23mars 202511:00 à 11:50
dimanche23mars 202515:00 à 15:50