Escher Geescht
Ariston (Esch-sur-Alzette)
Display mapMANDY THIERY & RENELDE PIERLOT
Op Lëtzebuergesch, surtitré en français
Premiere - circa 1 St. 15 Min
D’Escher Meedchen an den Escher Bouf, dat waren allebéid Stécker, déi sech mat enger Famill an der Kris beschäftegt hunn, mat enger Sprooch, déi näischt méi daacht an déi d’Figuren an d’Däischtert entléisst. Mam Escher Geescht vervollstännegt d’Mandy Thiery elo hir Milieu-Trilogie iwwer en Trauma, deen eng Famill zerrappt. Déi erwuesse Geschwëster Mona a Gilles si mam Dout vun hirer Mamm Katrin konfrontéiert. D’Begriefnis soll um Gaalgebierg sinn. Mee den emotionale Ballast ass ze schwéier, d’Wonnen, déi den Inzestfall geschloen huet, ze déif. Wéi weidermaachen, wann een ni geléiert huet, wat dat heescht: ze schwätzen? Dem Mona seng Duechter Diane sicht no eegene Weeër, fir d’Stëllt vun den Erwuessenen ze briechen. Well et gëtt nëmmen eng Méiglechkeet, an d’Fräiheet ze fannen: d’Wouerecht auszeschwätzen, déi d’Figuren als negativ Präsenz ëmmer gespiert hunn, an esou de Geescht lasszeginn, deen an dësem direkten an éierlechen Theater dräi Generatiounen u Leit geplot a gejot huet.
- Aféierung an d’Stéck 1 Stonn virun all Opféierung, mat Ausnam vum 27/05
- Tea Time 23/05 15:00
- Nogespréich 27/05
Kulturpass acceptéiert