
Frederick
Théâtre (Esch-sur-Alzette)
Display mapLEO LIONNI, FRANCIS SCHMIT
Fräi nom Billerbuch vum Leo Lionni an der 27. Sonat vum Mozart op Lëtzebuergesch jonke Publikum 3-6 Joer - Dauer 40min.
De klenge Theater-Brunch (12h00) an den Atelier de théatre parent-enfant (13h00) de 19/04 - Reservatioun iwwer Mail : reservation.theatre@villeesch.lu
Eng Famill vu Feldmais wunnt an enger Mauer, no bei engem Bauerenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d’Mais musse Provisioune fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just de Frederick net. Aplaz Fruucht, Mais, Nëss a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. „Firwat schaffs du näischt?” froen di aner Mais. „Ma ech schaffen dach!” seet de Frederick. Hie sammelt Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wierder fir déi laang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Artist!