closed
or
past
event
Escher Meedchen

Escher Meedchen

Ariston (Esch-sur-Alzette)

Display map

Op Lëtzebuergesch

“D’Mamm huet dat eenzegt Richtegt gemaach: Se huet eis Paus bäibruecht. Dat, wat se selwer am beschte konnt. Ier ee mat de Wierder hantéiert, muss een d’Paus beherrschen. De Silence.” Wat awer geschitt, wann d‘Paus ze grouss gëtt? Wann de Silence net méi auszehalen ass? Wa Wierder ufänken, an engem ze jäizen? D’Mona huet vu klengem u geléiert, dass Wierder wéidoe kënnen an et besser ass, de Mond ze halen. Aus Angscht aner Leit ze verletzen, entscheet et sech dozou, seng Paus ëmmer weider an d'Längt, an d'Déift ze zéien – andeems et Fëllwierder benotzt, andeems et laacht, sech Zigaretten ufänkt an Alkohol drénkt. Ee Liewen an der Paus, eng Paus am Liewen: No an no riskéiert d’Mona vu baussen erdréckt ze ginn, wärend vu bannen all déi onausgeschwate Wierder Drock opbauen. Lo muss d'Mona sech entscheeden: Léisst et sech vum Silence erdrécken oder léisst et all déi Wierder fräi, déi sengem Ëmfeld schueden? Escher Meedchen ass eng gekonnt Milieustudie iwwert een Deel vun der Gesellschaft, deen dacks lénks leie gelooss gëtt. Dobäi beweist dem Mandy Thiery säi Stéck, wéi änlech dach bei eis alleguerten d'Problemer sinn.