ZongenZodi
Ariston (Esch-sur-Alzette)
Display mapERZIELKONSCHT A.S.B.L. (LU)
Jonke Publikum 5-8 Joer
Op Lëtzebuergesch
Eng Geschicht fänkt vir un an hält hannen op. Zwar net!
Haut op d’mannst maache mer alles verkéiert  a béien et nees grued. A vläicht bleiwen dono  e puer wonnerschéi kleng Bëlzen dran.
Well wann hanne vir a vir hannen ass,  da ka riicht kromm sinn a kromm och riicht,  an alles ass nees genee esou, wéi et soll sinn! Oder net?
Komm mir setzen den Z op den A an en T virun all Wuert! Wann dann d’Wieder esou richteg schéi geckeg d’ënnescht d’iewescht bonzelen, da kriss de e Knuet an d’Zong... oder an d’Oueren?
Oh meng Modi, wat en Zodi,  voller Freed um Duercherneen!
De klengen Theater Brunch : Sonndes Mëttes proposéieren mir iech ee Brunch an uschléissend een Atelier fir Kanner mat hieren Elteren!