Esch by Night – Op den Tour
Ratelach (Esch-sur-Alzette)
Plan anzeigenSpatz ass d’Zong, féx de Mond: Politesche Cabaret gëscht an haut
Et wor emol … e Cabaret, dee vun Dësch zu Dësch, vu Café zu Café goung. Un dës beléiften, hautdesdaags nawell verblatzten Traditioun knäppt den Escher Theater un. Tëscht Hierscht 2026 a Summer 2027 gëtt u fënnef Owender gestridden a geschnësst, gesongen a gelaacht.
Dësen leschten Event hëlt Iech mat op eng Entdeckungsrees duerch d’Geschicht vum Kabarett zu Esch. Am Joer 1987 huet den Escher Theater säi 25. JoerJubiläum mat engem Kabarett-Parcours am Zick-zack duerch d’Stad gefeiert. Mir gräifen dësen Parcours erëm op: Zesummen entdecken mir Plazen an Texter, mate puer Iwwerraschungen um Wee. De Parcours schléisst am Café Ratelach an der Kulturfabrik (Kufa) of. Do feiere mir dësen Ofschloss a gi bei engem oppenen Austausch der Fro no, wéi eng Roll de politesche Kabarett haut an an Zukunft zu Lëtzebuerg spillt.
Entrée libre