Success Story

Ariston (Esch-sur-Alzette)

Plan anzeigen

MANI MULLER, CAROLE LORANG

op Lëtzebuergesch Dauer 1 St. 20 Min.

D’Compagnie du Grand Boube geet op eng Plaz, déi mir als Gesellschaft dacks ausblenden: an d’Kannerheemer. De Grupp, dee bekannt ass fir seng dokumentaresch Approche, huet mat enger Dose Leit aus verschiddene Generatioune geschwat, déi vun de spéide 50er Jore bis haut an engem Kannerheem gelieft hunn. Hir Stëmmen, hir mol schéin, mol ellen Erfarunge gi vun 4 Kënschtler:innen verschafft. Op der Bün gëtt opgeraumt mat de Klischeeën, firwat jonk Leit an engem Foyer liewen. Et ass e Bléck hannert d’Fassade vun de betraffene Famillen, virun allem awer an d’Gedankewelt vun deenen, déi séier hiert negatiivt Urteel gesprach hunn: „Wat hues du gemaach, fir dass du am Foyer bass?“ Success Story gëtt eng Äntwert op dës Virurteeler – voller Humor a Versteesdemech, mat engem solidaresche Bléck fir Liewensleef, déi gewëss anescht wéi geplangt verlaf sinn, ma déi awer en Erfolleg sinn.

Une discussion avec l’équipe artistique aura lieu le 12.03 à 19h.

Wählen Sie Ihren Termin aus
Mittwoch11März 202620:00 bis 21:20
Donnerstag12März 202620:00 bis 21:20
Samstag14März 202619:00 bis 20:20
Sonntag15März 202617:00 bis 18:20